De Kapitalmaart

  • Um Kapitalmaart ginn anstatt Uebst a Geméis, Finanzinstrumenter verkaaft
  • 1963 war déi Lëtzebuerger Bourse déi éischt an der Welt déi eurobonds opgelëscht huet
  • Am Moment si fir ongeféier 25 Billiounen $ eurobonds weltwäit am Ëmlaf vun deenen eng héich Zuel op der Lëtzebuerger Bourse gehandelt ginn
  • Clearstream huet Depote vu 7 Billiounen € a maachen de Grand-Duché esou zu engem vun de wichtegsten europäeschen Zentre fir Ofwécklung (settlement) an Depot (custody)

Kapitalmaart ass e spezifescht Wuert fir e gewëssenen Typ vu Maart, wou anstatt Uebst a Geméis, Finanzinstrumenter, wéi Aktië vun enger Firma oder Obligatioune vu Staaten oder Firmen, verkaaft ginn. Firme kënnen den Accès op de Kapitalmaart als Alternativ gebrauche fir esou hire Wuesstem oder Developpement ze finanzéieren, als Alternative zu klassesche Bankkreditter. Kapitalmäert ginn och vun Investisseure genotzt fir Suen effizient a Firmen ze investéieren an esou Informatiounen iwwert där hir Performancen ze kréien. Verschidde Kapitalmäert sinn direkt enger Bourse ugeschloss, enger zentraler Plaz also, wou den Akaf an de Verkaf stattfannen (wéi bei enger digitaler Stee). Duerch dës Manéier sinn d’Präisser kloer an transparent a den Handel fënnt tëschent méi Parteie statt. Dat ass zemol bei Aktien de Fall.

Déi meescht Obligatiounen hirersäits, ginn direkt bei engem spezifeschen Händler kaaft (dat nennt een „over the counter“). Hei kënnen d’Bourssen och eng wichteg Roll spillen. Si offizialiséieren eng Präislecht op där de Client gesäit wat hie fir seng Obligatioun bezuele muss. D’Haaptroll, grad ebe vun der Lëtzebuerger Bourse, ass et Präisser vun iwwer 37.000 Finanzinstrumenter, haaptsächlech Obligatiounen, unzeginn.

Wärend d’Globaliséierung vun der Welt ëmmer méi zouhëlt, hëlt och d’Globaliséierung vun den Kapitalmäert zou, haaptsächlech déi vun de Obligatiounen. 1963 war déi Lëtzebuerger Bourse déi éischt an der Welt déi Euro-Obligatiounen (eurobonds) opgelëscht huet. Eurobond ass eng Obligatioun déi vun enger Firma an enger Wärung erausgi gëtt, déi net onbedéngt deem Land entsprécht wou d’Firma gegrënnt gouf. Am Moment si fir ongeféier 25 Billiounen $ eurobonds weltwäit am Ëmlaf, vun deenen eng héich Zuel op der Lëtzebuerger Bourse gehandelt ginn.

Wärend den Handel (Trading) d’Haaptelement vun de Kapitalmäert ass, ginn et nach aner wichteg Prozesser déi stattfannen, nodeems sech ee Keefer an ee Verkeefer iwwert de Präis eens gi sinn. E méi kritesche Beräich an deem och Lëtzebuerg eng wichteg Roll spillt ass den tatsächlechen Austausch vu Boergeld géint Obligatiounen oder Aktien, d’Ofwécklung (settlement) an den Depot (custody) vun Obligatiounen an Aktien op eng sécher Aart a Weis.

Héichgradeg reguléiert Institutiounen, déi dës wichteg Aktivitéiten zu Lëtzebuerg realiséieren an ubidden, déi sougenannten Zentral-Wäertpabeier-Depoten, (wéi zum Beispill Clearstream) hunn Depote vu 7 Billiounen € a maachen de Grand-Duché esou zu engem vun de wichtegsten europäeschen Zentre fir Ofwécklung (settlement) an Depot (custody).