Déi finanziell Connectiounen tëschent China a Lëtzebuerg

  • 7 chineesesch Banken hunn hiren europäesche Firmesëtz am Grand-Duché
  • Déi éischt chineesesch Bank déi sech am Ausland, zënter der Grënnung vun der Volleksrepublik, etabléiert huet, war d’Bank of China 1979 zu Lëtzebuerg
  • Zu Lëtzebuerg ginn déi meeschten Dim Sum Obligatiounen (Dim Sum Bonds) gehandelt am Verglach mam Rescht vun der Welt
  • China ass deen zweetgréissten Emetteur vu  Gréng Obligatiounen (Green Bonds) weltwäit
  • Déi Lëtzebuerger Bourse schafft enk mat de Boursse vu Shanghai a Shenzhen zesummen, haaptsächlech fir dass international Investisseuren Informatiounen iwwert déi chineesesch Gréng Obligatiounen kréien

7 chineesesch Banken hunn hiren europäesche Firmesëtz am Grand-Duché. Déi éischt, Bank of China, ass schonn 1979 op Lëtzebuerg komm. Deemools war déi Bank déi éischt finanziell chineesesch Institutioun, zënter der Grënnung vun der Volleksrepublik, déi sech iwwerhaapt am Ausland installéiert huet. Nummer 2 war d’Industrial and Commercial Bank of China just virum Joer 2000 an déi aner 5 Banke koumen all no 2010.

Dës Banke sinn all an Europa komm fir déi chineesesch Investisseuren, déi ugefaangen hunn sech an Europa ze etabléieren, ze ënnerstëtzen. Haut sinn déi 7 Banken haapt- sächlech aktiv wann et ëm Kreditter geet déi dozou déngen déi sëllege chineesesch Betriber a Firmen an de 27 EU-Staaten bei hirer Aarbecht ze ënnerstëtzen.

Lëtzebuerg ënnerhält och iwwert déi Lëtzebuerger Bourse ganz staark Verbindunge mat China. Zu Lëtzebuerg ginn déi meeschten Dim Sum Obligatiounen (Dim Sum Bonds) gehandelt am Verglach mam Rescht vun der Welt. Dim Sum Bonds sinn Obligatiounen déi nëmmen ausserhalb vu China existéieren an déi an der chineesescher Wärung Renmimbi kotéiert ginn. Déi Lëtzebuerger Bourse schafft och ganz enk mat de Boursse vu Shanghai a Shenzhen zesummen, haaptsächlech fir dass international Investisseuren Informatiounen iwwert déi chineesesch Gréng Obligatiounen (Green Bonds) kréien. Dat ass fir China enorm wichteg well d’Land deen zweetgréissten Emetteur vu Green Bonds weltwäit ass.