Digitalisatioun a Fintech

  • Fintech: d’Digitalisatioun vun eise Finanzservicer
  • Lëtzebuerg ass ee vun den haapt e-payments an e-commerce Hubs vun Europa
  • Duerch d’Fintech entstinn an der Finanzindustrie nei Aarte vu Jobprofiller déi mat IT-Technology ze dinn hunn

Zënter den 1990er Joren huet den Internet en ëmmer méi grousse Succès kannt an sech ëmmer weider entwéckelt. Ëmmer méi Saachen aus eisem Liewe ginn online realiséiert a geréiert. Ee Prozess deen nach u Vitess zougeluecht huet zënter dass mir Smartphonen hunn mat hire bal illimitéierte Méiglechkeeten (am Verglach mat den éischte „Nokias a Motorollas”), eis an eisem alldeegleche Liewen ze hëllefen. D’Finanzservicer sinn hei keng Ausnam. Mam Internet an dem online a mobile Banking si mir matzen am modernen digitale Liewen ukomm, wat mir alleguer besonnesch och wärend der Covid-19-Kris gemierkt hunn.

An Europa erliewe mir elo en „neien“ Trend an zwar dee vum Open Banking, wou d’Banken hire Clienten ëmmer nees nei Méiglechkeete ginn an och en ëmmer méi grousse Choix proposéieren, mat wiem a wéi si hir Bankdaten deele wëllen, a wéi se wëllen an Zukunft bezuelen. Dat huet zu enger staarker Entwécklung vun de Paiementssystemer gefouert (zu Lëtzebuerg den Digicash / Payconiq wou ee Rechnungen unhand vun engem QR Code bezuele oder engem aneren direkt iwwert den Handy Suen transferéiere kann).

Déi verschidden online Finanzservice-Provider sinn engem grousse Konkurrenzkampf ausgesat. Si musse permanent evoluéieren, innovativ si fir déi beschten an effizientste Servicer ze proposéieren, op alle Fall besser wéi déi vun der Konkurrenz! Déi verschidde Finanzservice-Provider mussen awer och kucken dass hir Präisser kompetitiv bleiwen. Dofir mussen si stänneg an Technologien investéieren déi ee méi effizienten an domadder méi käschtegënschtege Service erlaben. Doduerch entstinn an der Finanzindustrie nei Aarte vu Jobprofiller.

D’Technologie gëtt och ëmmer méi agesat fir sécher ze stellen dass d’Oploen am Beräich vun der Reguléierung an dem Anhale vu Virschrëften, wat de sécheren Ëmgang mat de Sue vun de Mënschen ugeet, och effektiv, käschteneffizient an op eng positiv Erfarung hin, agehale ginn. Dat ass eng Stäerkt vun der Lëtzebuerger Finanzplaz an dofir ass et och net iwwerraschend dass sech esou vill Fintech-Firmen zu Lëtzebuerg installéiert hunn. Si hunn all d’Ambitioun d’Reguléierungs- an d’Compliance-Fuerderunge vum weltwäite Finanzsecteur ze erfëllen.

Vu dass d’Finanzservice-Provider eng Haaptroll an der Gestioun vun de Suen, déi oft dem Client gehéieren, spillen, mussen si och sécherstellen dass all Changement op eng sécher Aart a Weis realiséiert gëtt fir eben ze verhënneren dass nei an aggressiv Cyberrisken entstinn. Si stellen am Moment déi gréisste Gefor fir eis digital Finanzgestioun duer.