D’Supportservicer ronderëm d’Finanzplaz

  • D’Finanzinstitutioune brauchen Ënnerstëtzung, vun z.b.:
    • Etüden
    • Fiduciairen
    • IT-Plattformen
    • Personalvermëttlungsbüroen (Headhunter)
  • Eleng an Etüden an a Berodungs- a Verwaltungsservicer schaffe 7.500 Leit zu Lëtzebuerg

Eng Finanzplaz besteet haaptsächlech aus Finanzinstitutioune wéi Banken, Verméigensverwalter, Versécherungsgesellschaften an aus Infrastruktur fir Kapitalmäert. Mä et ginn awer och eng helle Wull aner Entreprisen, déi spezialiséiert Berodungs- a Verwaltungsservicer ubidde fir d’Finanzinstitutioune bei hirer Aarbecht ze ënnerstëtzen. Dat kënnen Etüde sinn, Fiduciairen, souwéi IT- oder Personalvermëttlungsplattformen (Headhunter). Eleng an Etüden an a Berodungs- a Verwaltungsservicer schaffe 7.500 Leit zu Lëtzebuerg. Si sinn en Deel vum Ganzen an hiert Fachwëssen dréit zu der globaler positiver Entwécklung vun der Finanzplaz bäi.

  • International a lokal Etüden déi besonnesch am Finanz- a Wirtschaftssecteur aktiv sinn, berode Banken wann et ëm Emissioune vu Scholden an Aktie geet. Si beroden och um reschtlechen a reglementairem Niveau, setzen Dokumenter op, verhandele Kontrakter fir Autorisatiounen unzefroen. Si beroden och d’Asset Manager beim Lancement vun engem neien Investmentfong a Saache legal Dokumentatioun an Autorisatioun fir dass de Fong och a ganz Europa ka verkaaft ginn.
  • Fiduciairen an Auditfirmen iwwerpréiwen d’Konte vu Finanzinstitutiounen an internationale Banken a garantéieren dass all national an international Finanzreglementer och respektéiert ginn.
  • An enger Welt déi ëmmer méi vun der Technologie gefouert gëtt, sichen d’Finanzinstitutiounen och fiabel Partner an der IT déi si bei der Gestioun vun Hardware, Software an och a Froe vun der Cybersécherheet ënnerstëtze kënnen.
  • Schliisslech sichen Personalvermëttlungsplattformen oder Headhunter national oder international talentéiert Persoune fir d’Finanzplaz. D‘Profesionnalitéit vun de Leit déi op der Lëtzebuerger Finanzplaz schaffen ass nämlech primordial fir hir Zukunft.