Investmentfongen

  • De Grand-Duché ass no den USA Nummer zwee op der Welt wat d’Fongenindustrie ugeet a geréiert eng 5.050 Milliarden €
  • Déi Lëtzebuerger Fongenindustrie dréit all Joers fir ongeféier 6% zum PIB bäi
  • Ongeféier d’Hallschent vum Staat senge Steierrecetten aus dem Finanzsecteur (4 Milliarden €), kommen aus der Fongenindustrie
  • Lëtzebuerg ass weltwäit ee Virreider vun Investmentfongen a representéiert 58% vum Maart wat déi grenziwwerschreidend UCITS Fongen ugeet

Investmentfongen offréieren d’Geleeënheet zesummen als e Grupp mat anere Leit ze investéieren an esou vun den Avantagë vun dëser Zort vun Investissementer ze profitéieren. Investmentfonge gi geréiert vu professionelle Verméigensverwalter (Asset Manager). Et sinn si déi decidéieren a wéi eng Verméigenswäerter si d’Suen vum Grupp investéiere fir esou dee beschte Rendement ze kréien. Fir eng Persoun ass den Investissement an esou Fonge vill méi sécher, wéi direkt eenzel Aktien ze kafen. Normalerweis déngt en Investmentfong derzou laangfristeg ze spueren oder sech eventuell fir méi spéit am Liewen eng weider Pensioun ofzesécheren.

Déi Lëtzebuerger Fongenindustrie dréit all Joers fir ongeféier 6% zum PIB mat 7,7 Milliarde € bäi a generéiert 10% vun de Steieren déi dem Staat a seng Keess fléissen. Ongeféier d’Hallschent vum Staat senge Steierrecetten aus dem Finanzsecteur (4 Milliarden €), kommen aus der Fongenindustrie wou eleng d’Fongegesellschaften duerch d’Taxe d’abonnement, 1 Milliard € u Steierrecetten ausmaachen. D’Fongenindustrie ass deemno vital fir d’Entwécklung vun eiser Wirtschaft, fir de Staatsbudget a fir de Wuelstand vun allen Awunner zu Lëtzebuerg.

Haut ass de Grand-Duché no den USA Nummer zwee op der Welt wat d’Fongenindustrie ugeet a geréiert eng 5,05 Billiounen €, dat sinn
5.050 Milliarden €.

Wéi konnt Lëtzebuerg an deem Beräich esou performant ginn?

Am Abrëll 1988 war Lëtzebuerg dat éischt Land wat d‘EU Direktiv betreffend UCITSen (Kollektiv Investissementer an transferabel Wäertpabeieren) a reguléiert Produkter fir d’Eenzelinvestisseuren ëmgesat huet. Lëtzebuerg hat séier d’Potential vun den UCITSen verstanen, déi a ganz Europa verkaaft konnte ginn an dat vun enger Plaz aus. Eise Savoir-faire an eis Sproochkultur hunn dozou bäigedroen, dass et e volle Succès gouf. A wéi engem anere Land ginn, ënnert anerem, esou vill Sprooche geschwat fir all d’Clienten a ganz Europa ouni Probleem unzeschwätzen a professionell ze beroden?

De Grand-Duché ass weiderhi weltwäit ee Virreider vun Investmentfongen: e representéiert haut 36% vun de weltwäiten UCITS-Verméigen an 58% vum Maart wat déi grenziwwerschreidend Fongen ugeet.