Wealth management

  • Lëtzebuerg ass zënter den 1980er Joren een internationalen Haaptsëtz a Saache Private Banking
  • Lëtzebuerg huet eng eenzegaarteg Expertise fir Clienten an engem multinationale Kontext ze zerwéieren
  • „Verméigensverwaltung” ass e Mix vun: Portfolio Management, Successiounspläng, steierlech Berodung a villes méi

Mir hunn all am alldeegleche Liewe verschidden Interaktioune mat eiser Bank: eis Pai kënnt op eise Bankkonto, e gëtt debitéiert fir eis Kreditkaarten ze kreditéieren, vun eisem Spuerkont ginn d’Sue fort fir eise Kanner hir Studien ze bezuelen, d’Mensualitéite fir eisen Haus- oder Autokredit ginn ofgezunn…

Nieft dësen éischter einfachen Operatiounen (wat als Retail Banking bezeechent gëtt) ginn et awer och méi spezifesch Operatiounen. Wat eng Persoun méi Suen huet, aus Beruffsaktivitéiten oder enger Ierfschaft, desto méi sophistiquéiert Bankservicer ka si verlaangen: Portfolio Management, Successiounspläng, steierlech Berodung a villes méi. Dat nennt een dann: „Verméigensverwaltung”.

Lëtzebuerg ass zënter den 1980er Joren een europäeschen an internationalen Haaptsëtz a Saache Private Banking a Verméigensverwaltung. Lëtzebuerg war virun allem fir säi Bankgeheimnis bekannt. Obschonn dat Geheimnis ni absolut war, huet et dach awer ville Leit erméiglecht hiert Geld zu Lëtzebuerg ze placéieren a ganz wéineg Steieren an aner Taxen ze bezuelen. Dat ass haut net méi méiglech.

All Informatiounen iwwert e Bankkonto ginn un d’Steierverwaltung vun deem Land weidergereecht an deem de Proprietär vum Konto säin Haaptwunnsëtz huet.

An trotz dëse ganz strengen internationale Reegele bleift Lëtzebuerg en international wichtegen Zenter fir d‘Verméigensverwaltung. Well de Succès vun eiser Finanzplaz baséiert op enger Rei interessanten a wichtege Krittären:

  • eng eenzegaarteg Expertise fir Clienten an engem multinationale Kontext ze zerwéieren
  • de reglementaire Kader
  • déi ekonomesch a politesch Stabilitéit
  • den AAA-Rating (déi beschten Nott iwwerhaapt)
  • eng niddereg Staatsschold duerch eng virsiichteg Verwaltung vun de Staatsfinanzen (dat ass e wichtege Facteur fir dass de Client d’Gefill behält dass säi Verméigen zu Lëtzebuerg gutt versuergt ass)