23.11.2020

Staatsakommes ofhängeg zum Finanzsecteur

Den Avis vun der Cour des Comptes gouf e Méindeg de Moien an der Chamber-Finanz- a Budgets-Kommissioun presentéiert. An hirem Avis zum Budgetsprojet fir 2021 warnt d'Institutioun, datt d'Staatsschold „signifikativ" géif klamme bannent de nächste Joren.