21.03.2022

Keng Infraktioune géint d'Sanktioune géint Russland

D’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz huet confirméiert, datt Gelder agefruer goufen.

Am Zesummenhang mat de Sanktioune géint Russland huet de Lëtzebuerger Finanzministère eng 100 Meldunge vu Finanzinstituter/Operateure kritt, déi Gelder oder wirtschaftlech Ressourcen agefruer hätten. Dat huet de Finanzministère no enger Reunioun vum Comité de suivi e Freideg matgedeelt. Wéi et heescht, wier bis ewell keen ee Verstouss géint d’Reegele festgestallt ginn.

D’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz, d’CSSF, huet confirméiert, datt Gelder agefruer goufen, mä et wäert een an den nächsten Deeg och Kontrollen op der Plaz ënnerhuelen. De Commissariat aux assurances huet sengersäits matgedeelt, datt Versécherungskontrakter fir Schëffer opgeléist goufen. Wat d’Liewensversécherungen ugeet, wier awer nach näischt agefruer ginn, allerdéngs kéint d’Ausbezuele vu Leeschtungen an eenzele Fäll verzögert ginn.

Aus dem Communiqué vum Finanzministère geet net ervir, wéi vill russesch Gelder am Ganzen agefruer goufen, respektiv ob et Confiscatioune vu Bienen ewéi Immobilien oder Privatjette komm wier.