12.03.2022

4 Milliarden Avoiren an de Banke si vun de russesche Sanktioune concernéiert

Duerch d'Sanktioune géint Russland besteet kee systemesche Risk wat d'Lëtzebuerger Banken an d'Finanzplaz ugeet. Dat geet aus der Finanzkommissioun ervir, an där de Claude Marx, Generaldirekter vun der CSSF, der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur, déi Deputéiert iwwert hir Aarbecht informéiert huet.

Zanter elo bal 2 Woche sinn d’Sanktioune géint Russland en Vigueur. Russesch Banke si vum internationale Bezuelsystem Swift ausgeschloss, déi russesch Zentralbank kann net méi op hir Devisen zréckgräifen, russesch Oligarche sinn op internationale Sanktiounslëschten. Sanktioune wieren awer net gläich Sanktiounen, seet de Generaldirekter vun der Iwwerwaachungskommissioun CSSF.

Claude Marx: “Et gi Sanktioune fir Leit, deenen hir Saache solle saiséiert ginn. Et ginn der op Staatsobligatiounen. An da ginn et och Sanktioune fir Entreprisen, déi gewësse Saachen dann net däerfe maachen, aner Saachen däerfe se awer nach”.

D’CSSF kontrolléiert dann, ob d’Sanktiounsgesetz an deene verschiddene Banken a Finanzgesellschaften agehale ginn.

Déi Deputéiert wollten awer och wëssen, wéi vill Geld zu Lëtzebuerg duerch d’Sanktiounen impaktéiert ass. De President vun der Finanzkommissioun den DP-Deputéierten André Bauler mam Resumé aus der Kommissioun:

Mir hu 4 Milliarden Avoiren an de Banken, déi vun deene Sanktioune concernéiert sinn. 4 Milliarden op 900 Milliarden. Bei de Fongen hu mer ronn 19 Milliarden, bei awer enger Bilanzzomm vu 5.600 Milliarden. Dat heescht och do ass nëmmen eng minim Partie concernéiert. Et gëtt also kee systemesche Risiko.”

Par Rapport zu der Bilanzzomm vun der Lëtzebuergescher Finanzplaz wieren déi Zommen nëmme just eng Dëpps op de waarme Steen a géing dofir den Ament net ze vill Suerge maachen, seet och den CSV-Deputéierte Laurent Mosar. Seng Partei hat de Sujet vum Impakt vun de russesche Sanktiounen op d’Finanzplaz op den Ordre du Jour setze gelooss.

Laurent Mosar: Dat wat mech de Moien [Freideg] awer e bëssi berouegt huet, dat ass, datt d’Expositioun vu Banken hei am Land, awer och vu Fonge par Rapport zu Russland relativ limitéiert ass.”

E genaue Chiffer wéi vill Geld haut vun de russesche Sanktioune betraff ass, kann dem Claude Marx no awer net genee geschat ginn.

Claude Marx: “Wa mer zum Beispill vu Fonge schwätzen, déi investéiert sinn an Titren, déi och Bestanddeel si vu Sanktiounen, da muss ee wëssen, datt déi grad ganz vill u Valeur verluer hunn. D’Ratingagenturen hunn déi op e Status erofgesat, dee quasi bei der Faillite ass. A ganz vill vun deenen Titere sinn haut och net méi ze verkafen.”

Dofir wier et ëmmer méi schwéier ginn, eng Aschätzung vum Gesamtwäert vun den Investissementer a russesch Titren ze maachen. De Laurent Mosar betount, datt doriwwer eraus awer och nach géingen eng Partie Froen opbleiwen.

Laurent Mosar: An déi wäerte mir an den nächsten Deeg mat der Finanzministesch an der Justizministesch diskutéieren. Wëll et stelle sech och Froen, ob schonn d’Justiz konkret saiséiert ginn ass. A wéi et mat Lëtzebuergeschen Entreprisen a Russland an an der Ukrain weidergeet.”

Primär Responsabilitéit fir d’Anhale vun de Sanktiounen huet nämlech an éischter Linn eigentlech de Finanzministère. An den Entrevuë mat de Ministeren, déi nach komme wäerten, wëll een elo drop drängen, Äntwerten ze kréien.