24.03.2022

Assurancë wäerte laangfristeg an d'Luucht goen

E ganz groussen Deel vun de Primmen, déi vu Lëtzebuerger Assureuren geschriwwe ginn, ginn am Ausland geschriwwen. Rieds ass vun 42 Milliarden a 95 Prozent dovunner wei gesot am Ausland. Dofir huet de Krich an der Ukrain den Ament och keen direkten Impakt op den Lëtzebuerger Assurancen-Secteur. Dat sot de Marc Lauer, Président-sortant vun der Assurance- a Réassurance Associatioun ACA.

Een indirekten Effekt gëtt et awer. All Kéier wann eng Krise kënnt dann ginn d‘Chiffres d‘affaires erof, well alles méi lues dréint. Duerch eng grouss Onsécherheeten bei de Leit, gëtt manner investéiert, manner kaaft,  manner ënnerholl  an deementspriechend ginn manner Assurancen ofgeschloss , erkläert den Invité.

Assurancen wäerten laangfristeg an d‘Luucht goen
Duerch déi héich Inflatioun schéngt et dem Marc Lauer evident, dass d’Assurancen-Präisser an de nächste Joren och wäerte klammen. D‘Assurancen kréien do direkt 2x den Impakt ze spiiren. Engersäits géingen d‘Käschten vun de Salairen an d‘Luucht goen duerch den Index an dat hätt een Effekt op d‘Kompetitivitéit am Ausland. Anerersäits géingen d‘Reparaturen vun de Autoen, vun den Haiser an d‘Luucht goen an dat och méi d‘Indextranche vun 2,5 Prozent well d‘Betriber net just den Index géingen reperkutéieren, mee och déi héich Energiekäschten an d‘Hausse vun den Matières premières.


Pandemie an Iwwerschwemmungen

D’Pandemie hätt iwwerdeems derzou gefouert dass een am Secteur haut anescht schafft wéi fréier. Den Télétravail hätt sech als effikass erausgestallt an vill méi Flexibilitéit an d‘Betriber bruecht. Et hätt een 2020 och däitlech Verloschter gemaach, mee 2021 hätt sech dat nees erholl, sou dass de Secteur haut nees gutt géing do stoen an trotz den uergen Iwwerschwemmungen am Juli zejoert. Do wär iwwerdeems déi ganz grouss Majoritéit vun den Dossieren ofgeschloss.
Extrem Wiederphänomener huelen zou, donieft eng Pandemie an elo e Krich. Déi lescht Joren hätten de reellen Wäert gewisen vun den Assurancen. Et misst een awer elo ufänken d‘Modeller vun den Assurancen z‘adaptéieren. Et misst een versichen de Risk anzedämmen an kucken ob d‘Primmen déi een fir d‘Risken freet déi richteg wieren, esou de Marc Lauer.