08.10.2021

Bei de Pandora Papers spillt Lëtzebuerg eng marginal Roll

D'Finanzplaz koum gutt duerch d'Pandemie a vum Brexit konnt de Standuert Lëtzebuerg zum Deel profitéieren, sou den Invité vun der RTL Redaktioun Nicolas Mackel, Chef vu Luxembourg for Finance.

Bei de Pandora Papers géing Lëtzebuerg an engen 100.000 Dokumenter opdauchen a géing als OnshorePlattform genotzt gi fir dubiéis Geschäfter legal wierken ze loossen, sou änlech schreift et reporter.lu, d’Online-Plattform huet jo un de Pandora Papers matgeschafft. Lëtzebuerg spillt eng marginal Roll, wann iwwerhaapt, seet den Nicolas Mackel.

“Bei ganz ville vun deenen Artikele kann ee guer net zeréck halen, datt eppes Illegales oder Illicites geschitt wier.” Keng Gesetzgebung ass perfekt, ma déi Lëtzebuerger wier esou gutt, wéi se kéint sinn, sou de Chef vu Luxembourg for Finance.

D’Finanzplaz ass staark gewuess. Sinn d’Kontrollinstanze wéi d’Surveillance-Kommissioun CSSF gutt genuch opgestallt? Do fënnt den Nicolas Mackel eng kloer Äntwert drop: “Dat Argument ass totale Quatsch. Natierlech kréie se et hin. Eis Finanzplaz an och de Kader si gewuess. D’CSSF, dat si mëttlerweil 1000 Leit, déi alleguer wëssen, datt wann si eppes zouloosse wat net legal ass, datt si mat engem Fouss am Prisong sinn.” All d’Leaks vum Journaliste-Konsortium ICIJ hätten der Finanzplaz net geschuet. Gewëss Deeler vun der Press hätten eben e fundamentale Problem mat der Finanzindustrie a mam Finanz-Standuert Lëtzebuerg, sou den Nicolas Mackel.

“Wann een déi Affären eenzel kuckt, da gesäit ee jo wat dat fir e Blödsinn ass, deen do geschriwwe gëtt”. De Brexit wier schlecht fir jiddereen, ma bal eng 100 Institutiounen hätte Finanzaktivitéiten op Lëtzebuerg verlagert.

D’Finanzplaz wier gutt duerch d’Pandemie komm, et konnt weider geschafft ginn an d’Volume wiere weider gewuess, sou den Nicolas Mackel. Déi meescht Acteure wéilten elo eng gewëss Normalitéit zeréck a wéilten och , datt d’Leit zeréck op de Büro kéimen, d’Limitte vum Teletravail wieren erreecht.