05.01.2022

"Brexit ass déi gréissten Dommheet, déi e Vollek ekonomesch jee gemaach huet"

Lëtzebuerg huet sech net iwwert de Brexit gefreet, mä eis Finanzplaz huet awer dovunner profitéiert. Dat sot den Nicolas Mackel, de CEO vu Luxembourg for Finance war Invité vun der RTL Redaktioun.

Knapp 95 Finanzinstitutiounen hätte wéinst dem Brexit hir Aktivitéiten op Lëtzebuerg verlagert.

Wéi et elo géif weider goen, géif dervun ofhänken, wéi den europäesche Bannemaart sech weider entwéckelt. Aner Länner, eis Konkurrenten, géife sécher net schlofen.

Fir den Nicolas Mackel ass och kloer, datt London déi gréisste Finanzplaz an Europa bleift a weider wäert eng ganz wichteg Roll spillen. Mä et hätt ee sech selwer ofgekapselt.

De Brexit nennt hien déi gréissten Dommheet, déi jee e Vollek gemaach huet am ekonomesche Sënn. Dat wär réng politesch gedriwwe gewiescht. De Brexit géif a kéint kee Sënn maachen.

D’Lëtzebuerger Finanzplaz hätt sech déi lescht Jore ganz gutt weider entwéckelt. Sech och gutt mam Covid ugepasst.

5,7 Trilliarden Euro géifen a Lëtzebuerger Fonge geréiert ginn. 125 international Banke ginn et op der Finanzplaz an nach méi Assurancen.

Mir wäre sécher innovativ, fënnt de CEO vu Luxembourg for Finance, mä ob een innovativ genuch wär, wär d’Fro. Et dierft een net nëmme vun deem schwätzen, wat ee gëschter gemaach hätt, mä all Dag misst ee moies opstoen a sech d’Fro stellen: wat ass muer?