17.03.2021

GFCI 29: Finanzplaz Lëtzebuerg op Plaz 2 an der EU

D’Positioun vum Grand-Duché als féierend Finanzplaz gouf am aktuellen Global Financial Centre's Index (GFCI 29) erëm bestätegt.

Lëtzebuerger Expertise a Schlësselberäicher ewéi Investmentfongen, Bankwiesen, Kapitaalmarchéen a Versécherungen esou ewéi seng féierend Roll am Beräich vun den nohaltegen Finanzen hunn de Grand-Duché op Plaz 2 vun de Finanzzentren an der EU bruecht.

Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance, kommentéiert de Ranking ewéi follgend: “Lëtzebuerg ass weiderhin no Exzellenz a senger Roll als grenziwwerschreidend Finanzzentrum aus. D’Bedéitung vum fräi fléissendem internationalem Kapital kann an dësem decisiven Moment vu wirtschaftlicher Erhuelung net ënnerschat ginn a genee héi kënnt d’valeur ajoutée vun der lëtzebuerger Expertise an d’Spill.”

De GFCI gëtt vun Z/Yen Partners an Zesummenaarbecht mat dem China Development Institute publizéiert an ass de weltwäit unerkannsten Vergläich vu Kompetitivitéit vu globalen Finanzzentren.