25.09.2020

GFCI 28: Lëtzebuerg, Finanzplaz Nummer 1 an der EU

Lëtzebuerg ass op en neits ganz uewen am Ranking vun de wichtegsten europäesche Finanzplazen, schreift de Global Financial Centres Index a senger neister Editioun.

GFCI 28: Lëtzebuerg, Finanzplaz Nummer 1 an der EU!  

Lëtzebuerg ass op en neits ganz uewen am Ranking vun de wichtegsten europäesche Finanzplazen, schreift de Global Financial Centres Index* a senger neister Editioun.  

Déi staark Positioun vu Lëtzebuerg an dësem Ranking reflektéiert d’Expertise an d’Stabilitéit vu Lëtzebuerg als international Finanzplaz, zemol a Krisenzäiten.  

Lëtzebuerg klëmmt 6 Plazen am globale Ranking vun de Finanzplazen an ass haut Nummer 12 weltwäit. Eis Land bleift dee gréissten Zenter fir Investmentfongen an Europa, deen zweetgréissten op der Welt. Lëtzebuerg ass Nummer 1 weltwäit wann et ëm de Kaf a Verkaf vun Investmentfonge geet. Méi wäit gëtt och begréisst dass de Grand-Duché sech verflicht huet d’Finanzéierung vun enger nohalteger Zukunft matzegestalten andeem en de Business vun haut mat de Besoine vun der Wirtschaft vu muer verbënnt.   

Effektiv gëtt Lëtzebuerg, am Beräich vu de Grénge Finanzen, vum Global Green Finance Index 5 (GGFI 5) als weltwäit zweet international Finanzplaz genannt. Dëse ganz gudde Ranking stellt d’Qualitéit an d’Ambitioun fir Gréng Finanzen zu Lëtzebuerg ënner Beweis. Déi Gréng Finanze sinn ausserdeem och eng Top-Prioritéit fir d’EU-Autoritéiten.  

Lëtzebuerg ass weiderhin en internationalen Hub fir grenziwwergräifend Finanzservicer, mat de gréissten traditionellen an alternative Verméigensverwalter, Banken an Assurancen déi den EU-Bannemaart vu Lëtzebuerg aus zerwéieren. De Grand-Duché huet an dëse Beräicher seng Stäerkt bewisen. 60 brittesch Firmen hu fir de Post-Brexit, Lëtzebuerg als hir Entréespaart zum europäesche Bannemaart gewielt.  

De Nicolas Mackel, CEO vu „Luxembourg for Finance“, huet dësen neie Ranking kommentéiert a gemengt: „Dat ass eng Unerkennung vis a vis vun der ëmmer méi grousser Roll déi déi Lëtzebuerger Finanz-Expertise haut an och an der Zukunft spillt. Déi aktuell Kris ënnersträicht de Besoin dass d’Kapital weider zirkuléiert fir dass Investisseure mat Projete connectéiert ginn, déi de Wirtschaftswuesstem zeréckbréngen a nei Aarbechtsplaze schafen. Déi Lëtzebuerger Plus-value läit genee doranner, déi Brécken ze bauen. “

*De GFCI gëtt an Zesummenaarbecht mat Z/Yen Partners an dem China Development Institute publizéiert an ass weltwäit déi meescht geschätzte Referenz a Saache Kompetitivitéit-Ranking vun internationale Finanzplazen.