Banking

  • Et ginn zu Lëtzebuerg 128 Banken aus 27 verschiddene Länner
  • Si beschäftege ronn 26.000 Leit zu Lëtzebuerg
  • D’Banken zu Lëtzebuerg si streng reguléiert a gi staark kontrolléiert
  • D’Banken zu Lëtzebuerg hu ganz breetgefächert Aktivitéiten : Fongendepot, Private Banking, Verméigensverwaltung, Corporate Finance, a méi

D’Banken erlaben de Clientë finanziell Operatiounen duerchzeféieren, wéi Transferten a Payementer mat Kaarten, op der Boursse ze investéieren a Leasingskontrakter ze ënnerschreiwen. D’Banke spillen an eiser Gesellschaft deemno eng primordial Vermëttlerroll. Si gi Privat- a Geschäftsleit d’Méiglechkeet hir Suen ze deposéieren an dofir Zënsen op deem ugeluechte Geld ze kréien (wann och net vill am Moment). D’Banke kënnen hirersäits mat deene Suen erëm Projete finanzéieren an deem se dat Geld anere Privat- oder Geschäftsleit oder och nach dem Staat weider léinen. Dës Kreditter stäerken de Wirtschaftswuesstem a schafen Aarbechtsplazen.

D’Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen hu gemeinsam 39 Milliarden € geléint, déi se fir de Finanzement vun hirem Logement, dem Auto oder anere private Projete brauchen. D’Firmen zu Lëtzebuerg hunn hirersäits bis zu 30 Milliarden € geléint fir domadder néi Maschinnen, Material a Fabricken ze kafen oder ze baue fir dass d’Ekonomie wiisst an sech den Aarbechtsmaart weider entwéckelt. Dat alles ënnersträicht op alle Fall wéi wichteg Banke fir eis all sinn.

D’Banken zu Lëtzebuerg si streng reguléiert a gi staark kontrolléiert. Et si ganz präzis a strikt Krittären déi et enger Bank erlaben sech zu Lëtzebuerg ze etabléieren. Dat gëtt permanent vun der CSSF, dem Gendaarm vun der Finanzplaz mat sengen 900 Leit am Ae gehalen. Dës strikt Reguléierung an Iwwerwaachung séchert d’Finanzplaz an dem Client seng Suen op der Bank of. Am Fall vun enger gréisserer Kris ass den Depot pro Persoun a pro Bank bis zu 100.000 € garantéiert.

Am Ganze beschäftegen déi 128 Banken aus 27 verschiddene Länner zu Lëtzebuerg 26.000 Leit. D’Banken zu Lëtzebuerg hu ganz breetgefächert Aktivitéiten : Fongendepot, Verméigensverwaltung, Corporate Finance a villes méi. Si sinn deemno net nëmmen e staarke Vecteur vun eiser Wirtschaft oder ee vun de gréissten Employeuren am Land, si bezuelen och bis zu 2 Milliarden € pro Joer u Steieren an Taxen an déi Lëtzebuerger Staatskeess.

Duerch déi schwéier global Finanzkris 2008 hu Banken zu Lëtzebuerg misse gerett ginn. Dat war néideg a rentabel. Déi deier Rettungsaktiounen hunn dem Staat bis elo méi wéi 200 Milliounen € Benefice an d’Keess gespullt.