D’Kontributioun vun eiser Finanzplaz zum Wuelstand vu Lëtzebuerg

  • D’Finanzplaz bezilt all Joer bis zu 4 Milliarden € u Steieren an Taxen un de Lëtzebuerger Staat
  • D’Finanzplaz als Ganzes beschäftegt ronn 51.000 Leit, dat sinn 12% vun den Aktiven
  • D’Finanzplaz dréit mat 31% zur Wirtschaftsentwécklung vu Lëtzebuerg bäi an ass domat deen gréissten Eenzelsecteur vun der Lëtzebuerger Wirtschaft

Mir hunn dat all schonn oft héieren: Zu Lëtzebuerg lieft et sech gutt. Et ass ee relatiivt räicht Land, sécher, familljefrëndlech, mat generéise Gehälter, mat wéineg Staatsschold a mat engem AAA-Rating wat d’Gesondheet vu senge Staatsfinanzen ugeet. Heiheem gëtt et dann och eng éischter positiv Aussiicht op d’Entwécklung vu der Wirtschaft. Mä wéi koum eist Land zu all deem? A wat huet dem Staat erlaabt fir deen héijen Niveau vu Liewensqualitéit a wirtschaftlecher Stäerkt opzebauen an ze halen, un dee mir eis zënter hir gewinnt hunn? D’Äntwert läit haaptsächlech an eiser Finanzplaz. D’Finanzplaz bezilt all Joer bis zu 4 Milliarden € u Steieren an Taxen un de Lëtzebuerger Staat!

D’Finanzplaz als Ganzes dréit am meeschten, mat 31%, zur Wirtschaftsentwécklung vu Lëtzebuerg bäi. D‘Finanzplaz an hir Servicer maachen och dass déi aner Secteure vun eiser Wirtschaft direkt oder indirekt wuessen, wéi zum Beispill de Bausecteur, de Catering, den Evenementiel an aner Déngschtleeschtungen. Fir all Euro deen zu Lëtzebuerg an der Finanzwelt produzéiert gëtt, leeft nach en hallwen Euro en plus direkt an déi lokal Ekonomie. Dobäi beschäftegt d’Finanzplaz Lëtzebuerg als Ganzes „just” 12% vun der aktiver Bevëlkerung zu Lëtzebuerg. Dat si ronn 51.000 Leit. Domadder ass si deen effizientste Secteur vun der Lëtzebuerger Ekonomie.

D’Finanzservicer si vital fir dass dat ekonomescht Liewen dréint. Si erlaben de Betriber Geld ze kréie fir sech ze developpéieren, aner Mäert ze gewannen an innovativ ze bleiwen.

D’Finanzservicer si wichteg fir Kreditter déi mir an eisem deegleche Liewe brauchen, fir eis Versécherungen an eis Pensiounspläng, eis Leasingskontrakter a villes méi. Si sinn och vital fir eis Regierung, wéi zum Beispill an Zäite vu Coronavirus; de Staat kann esou méi einfach Suen um internationale Marché léinen. D‘ekonomesch Hëllefsmesüre ginn dann direkt iwwert eng Staatsobligatioun finanzéiert.

Zu Lëtzebuerg representéiere d’Banken ongeféier d’Hallschent vum Finanzsecteur, awer d’Finanzen si vill méi wéi “just” Banken: Investitiounsfongen, Versécherung, Verméigensverwaltung, Kapitalmäert a FinTech, souwéi eng ganz Rei Supportdéngschter: Beroder, Affekoten , Auditeuren, IT Servicer, a méi maachen eis national Industrie zu engem Erfolleg. Mä d’Finanzplaz ass awer net nëmmen e lokalen Acteur fir Lëtzebuerg. Eis Finanzplaz exportéiert och grenziwwergräifend Servicer ronderëm d’Welt. Firme profitéiere vun der stabiller a gesonder Lëtzebuerger Politik an Ekonomie fir vun hei aus hiren internationale Business ze realiséieren.

  • Lëtzebuerger Investmentfonge ginn an 78 Länner an der Welt verkaaft
  • Et ginn 126 Banken zu Lëtzebuerg, aus 27 verschiddene Länner
  • Iwwert 90% vun de Lëtzebuerger Liewensversécherungskontrakter gi weltwäit verkaaft
  • Lëtzebuerg huet e grousse Pool vun Talenter (linguistesch, legal a kulturell) a kann deemno Clienten aus der ganzer Welt zerwéieren