Eis Finanzplaz an Zuelen

Wousst der schonn dass eis Finanzplaz,…

  • mat 16,4 Milliarden €, ronn 31% vun eisem BIP ausmécht1
  • dee gréissten Eenzelsecteur vun der Lëtzebuerger Wirtschaft ass1
  • ronn 51.000 Leit als Ganzes beschäftegt1
  • all Joer ronn 4 Milliarden € un Taxen a Steieren un de Staat bezilt1
  • fir all Euro deen se produzéiert, nach en hallwen Euro en plus direkt an déi lokal Ekonomie schéisst1

… a Saache Beschäftegung:

  • ronn 51.000 Leit (12% vun den Aktiven zu Lëtzebuerg) sinn zu Lëtzebuerg op der Finanzplaz beschäftegt1
  • déi 51.000 Leit, déi an de Finanzservicer schaffe sinn opgedeelt op: 1
    • 47% am Banking
    • 30% Verméigensverwaltung
    • 8% Versécherungssecteur
    • 15% Supportservicer
  • all Job op der Finanzplaz schaft 1,4 Jobbe wou anescht an der Lëtzebuerger Wirtschaft1

… a Saache Banking:

  • et ginn an eisem Land 126 Banken aus 27 Länner2
  • 24.000 full-time Jobben1
  • de Finanzsecteur zu Lëtzebuerg bréngt 8,2 Milliarden € u Plus-valuen1
  • de Bilan vun de Banke chiffréiert sech op méi wéi 750 Milliarden €3
  • d’Avoire vum Private-Banking chiffréiert sech op méi wéi 360 Milliarden €3

… a Saachen Asset Management:

  • et ginn iwwer 500 Asset Manager zu Lëtzebuerg4
  • d’Fongenindustrie beschäftegt 15.000 full-time Jobben1
  • se bréngt circa 7,7 Milliarden € u Plus-value fir déi Lëtzebuerger Wirtschaft1
  • dat ganzt Fongeverméigen (AuM) mat Sëtz zu Lëtzebuerg mécht iwwer 5.000 Milliarden €2 aus (deen zweetgréisste Fongemarché no den USA)
  • 3.669 Fongen a 14.712 Deelfongen2 sinn zu Lëtzebuerg domiciliéiert
  • Lëtzebuerger Investmentfonge ginn an 77 Länner op der Welt verkaaft5
  • Lëtzebuerg huet e Maartundeel vun 58% a Saache grenziwwerschreidend Investmentfongen5
  • 98 vun den 100 weltwäit gréisste Verméigensverwalter sinn zu Lëtzebuerg aktiv

… a Saachen Assurancesecteur:

  • 291 Versécherungsfirme ginn et zu Lëtzebuerg6
    • 41 Liewensversécherungen
    • 55 Net Liewensversécherungen
    • 196 Reassurancefirmen
  • Iwwert 4.000 Leit schaffen full-time am Versécherungssecteur1
  • Vun den 21,6 Milliarden € u Versécherungsprimme sinn7:
    • 80% Liewensversécherungsprimmen
    • 6% si lokal Liewensversécherungsprimmen
    • 10% sinn international Net Liewensversécherungsprimmen
    • 4% si lokal Net Liewensversécherungsprimmen

… a Saachen Kapitalmaart:

  • zwou Boursse gi vum Lëtzebuerger Stock Exchange geréiert:
    • Bourse vu Lëtzebuerg (EU-reguléiert)
    • Euro-MTF (Bourse-reguléiert)
  • op der Lëtzebuerger Bourse ginn iwwer 37.000 Titren (Wäertpapaieren) a 64 Wärunge vun iwwer 2.000 Emetteuren aus méi wéi 100 Länner kotéiert.
  • d‘„Lëtzebuerger Gréng Bourse“, notéiert iwwer 700 Titren, dorënner10
    • Nohalteg Obligatiounen: 277, zesummen 130 Milliarden $
    • „Sozial“ Obligatiounen: 47, zesummen 33 Milliarden $
    • Gréng Obligatiounen: 410, zesummen 193 Milliarden $
  • d‘LGX féiert méi wéi d’Hallschent vun alle gréngen Obligatiounen an der Welt
  • et si méi wéi 7 Billiounen € Verméigen am Depot (custody) vu groussen Nohandelsbetriber, dorënner Clearstream

… a Saachen anerer / Service-Provider:

  • Et ginn zu Lëtzebuerg iwwer 272 reguléiert Fournisseure fir d’Finanzindustrie (PSF) 2:
    • 102 spezialiséiert PSF-Firmen
    • 72 PSF-Supportfirmen
    • 98 Investmentfirmen (MiFID)
  • D’Service-Provider beschäftegen ca. 7.500 full-time Jobben1

… a Saachen “Financial labelling”:

  • Déi lëtzebuergesch finanziell Etikettéierungsagence – LuxFLAG – markéiert 354 Produkter,
    Gesamt AuM vun 154,77 Milliarden €9

 

… a Saachen Brexit:

  • 60 brittesch Finanzinstitutioune si schonn op Lëtzebuerg geplënnert fir hir europäesch Clienten nom Brexit weider betreien ze kënnen8

Sources:

1 The State of the Financial Sector in Luxembourg, Luxembourg for Finance, 2018 data
2 CSSF, September 2020, figures as of June 2020
3 ABBL, April 2019, figures as of December 2017
4 ALFI, January 2020
5 PWC, December 2020
6 CAA, April 2020
7 ACA, December 2018
8 LFF, Brexit tracker, June 2020
9LuxFLAG, Statistics September 2020
10 Luxembourg Green Exchange, data as of August 2020