Eis Finanzplaz, dat si mir all.
An deene leschte Méint huet den Covid-19 Virus déifgräifend Konsequenze mat sech bruecht. Et ass souwuel eng Gesondheetskatastrof wéi eng Katastrof fir eis Ekonomien.
Lëtzebuerg konnt awer op eng kräfteg Aart a Weis op dës Erausfuerderung äntweren. Mir hunn eis d’Mëttele ginn déi eise Gesondheetssystem an dëser eenzegaarteger Situatioun gebraucht huet. Et gouf des weideren e ganz zolitte Pak vu Mesurë geholl fir eis Betriber ze ënnerstëtzen an eis Aarbechtsplazen ze retten. Bis zu 3 Milliarden Euro wäert eis d’Covid Kris dëst Joer kaschten.
Dës Äntwert op de Virus war méiglech well mir iwwer laang Joren eng staark Ekonomie opgebaut hunn déi, net eleng mä zu engem gudden Deel, vun eiser Finanzindustrie gedriwwen ass.
Mir hunn et fäerdegbruecht zu Lëtzebuerg aus deem Secteur eng richteg Industrie ze maache fir déi mir am Ausland vläicht heiansdo kritiséiert ginn, mä och vill bewonnert. Et ass wuel richteg, dass der d’Finanzindustrie hire Ruff weltwäit duerch d’Finanzkris vun 2008 schwéier ramponéiert ginn ass, a sécher net ganz zu Onrecht. Mä et dierf een ni vergiessen dass et der Finanzindustrie hir Haaptfunktioun ass, eist Erspuertes ze verwalten an eis an eise Betriber ze hëllefen eis Projeten ze finanzéieren. Dëse Rôle erfëllen och eis Banken, Fongen an Assurancen zu Lëtzebuerg. D’Banken hunn dat elo an der Kris nees gewise wéi si de Betriber mat verlängerte Kreditter gehollef hunn. Eis Assurancen hunn no dem Tornado vum leschte Joer och keen am Reen stoe gelooss a bis haut ronn 65 Milliounen Euro un d’Affer ausbezuelt.
Entdeckt d'Finanzplaz Lëtzebuerg
- Wealth management
- Nohalteg Finanzen
- Investmentfongen
- Digitalisatioun a Fintech
- Déi finanziell Connectiounen tëschent China a Lëtzebuerg
- De Versécherungssecteur
- De Kapitalmaart
- D’Supportservicer ronderëm d’Finanzplaz
- D’Kontributioun vun eiser Finanzplaz zum Wuelstand vu Lëtzebuerg
- Corporate Finance
- Banking
Wealth management
- Lëtzebuerg ass zënter den 1980er Joren een internationalen Haaptsëtz a Saache Private Banking
- Lëtzebuerg huet eng eenzegaarteg Expertise fir Clienten an engem multinationale Kontext ze zerwéieren
- „Verméigensverwaltung” ass e Mix vun: Portfolio Management, Successiounspläng, steierlech Berodung a villes méi
Entdeckt méi iwwert d'Finanzplaz Lëtzebuerg
Lëtzebuerg. Iwwer d’Grenzen erauswuessen
Aktualitéit
11.01.2021
D'Covid-19 Impakt op d'Finanzplaz
Dem Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance, no wäert d'Corona-Kris och en Impakt op d'Lëtzebuerger Finanzplaz hunn.
18.12.2020
D'Finanzplaz ass europäesch
Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance, am Interview mam Le Quotidien iwwert d'Roll vun vun der Lëtzebuerger Finanzplaz.
07.12.2020
Der Finanzplatz 2021- Luxemburgs Finanzplatz sieht einige trübe Wolken am Himmel.
Dëst Joer ass villes geschitt. D'Pandemie, Brexit, niddregen Zënstaux, etc. Wei gesäit et aus vir d'Finanzplaz 2021?
23.11.2020
Staatsakommes ofhängeg zum Finanzsecteur
Den Avis vun der Cour des Comptes gouf e Méindeg de Moien an der Chamber-Finanz- a Budgets-Kommissioun presentéiert. An hirem Avis zum Budgetsprojet fir 2021 warnt d'Institutioun, datt d'Staatsschold „signifikativ" géif klamme bannent de nächste Joren.
21.11.2020
Eis Finanzplaz an d'Corona-Kris
De Covid-19 Virus deet eis alleguer zanter gutt néng Méint ze schaafen. D'Restriktiounen, déi néideg si géint d'Verbreede vum Virun hunn dann natierlech och Konsequenzen op eis Entreprisen, de Commerce, Restauranten, Hotelle wéi och Betrieber aus alle Secteuren.
09.11.2020
Finanzbranche kuckt nees méi skeptesch an d'Zukunft
Engem aktuelle Sondage no géing de Gros fir 2020 mat manner Akommes ewéi nach uganks vum Joer erwaart gerechent.
08.11.2020
D'Fongenindustrie dreift d'Erhuelung
Déi lëtzebuergesch Fongenindustrie huet déi éischt Effekter vun der COVID-19 Kris gutt iwwerstan. Fir d'Corinne Lamesch weist dës Widderstandsfäegkeet Vertraue vum Investisseur an d'Fäegkeet vun der Wirtschaft fir sech séier z'erhuelen.
05.11.2020
RTL Radio - Invité vun der Redaktioun
Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance, schwätzt am Interview mam Pit Everling iwwert den Impakt vun ënner anerem Brexit an d'Covid-Kris op Lëtzebuerg an eis Finanzplaz.
20.10.2020
Niemand fragt, wo der Wohlstand herkommt
Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance, am Interview mam Letzebuerger Wort iwwert eis Finanzplaz.
25.09.2020
GFCI 28: Lëtzebuerg, Finanzplaz Nummer 1 an der EU
Lëtzebuerg ass op en neits ganz uewen am Ranking vun de wichtegsten europäesche Finanzplazen, schreift de Global Financial Centres Index a senger neister Editioun.
22.09.2020
De Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance, op RTL
Am Interview mam Fränk Goetz am RTL Journal schwätzt de Nicolas Mackel iwwert d’Atouten, d’Roll an d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Finanzplaz.