Eis Finanzplaz, dat si mir all.

Souwuel d'Steierrecetten wéi d'Aarbechtsplazen, déi vun eiser Finanzplaz geschafe ginn, weisen wéi wichteg dëse Secteur fir eist Land ass.

An deene leschte Méint huet den Covid-19 Virus déifgräifend Konsequenze mat sech bruecht. Et ass souwuel eng Gesondheetskatastrof wéi eng Katastrof fir eis Ekonomien.

Lëtzebuerg konnt awer op eng kräfteg Aart a Weis op dës Erausfuerderung äntweren. Mir hunn eis d’Mëttele ginn déi eise Gesondheetssystem an dëser eenzegaarteger Situatioun gebraucht huet. Et gouf des weideren e ganz zolitte Pak vu Mesurë geholl fir eis Betriber ze ënnerstëtzen an eis Aarbechtsplazen ze retten. Bis zu 3 Milliarden Euro wäert eis d’Covid Kris dëst Joer kaschten.

Dës Äntwert op de Virus war méiglech well mir iwwer laang Joren eng staark Ekonomie opgebaut hunn déi, net eleng mä zu engem gudden Deel, vun eiser Finanzindustrie gedriwwen ass.

Mir hunn et fäerdegbruecht zu Lëtzebuerg aus deem Secteur eng richteg Industrie ze maache fir déi mir am Ausland vläicht heiansdo kritiséiert ginn, mä och vill bewonnert. Et ass wuel richteg, dass der d’Finanzindustrie hire Ruff weltwäit duerch d’Finanzkris vun 2008 schwéier ramponéiert ginn ass, a sécher net ganz zu Onrecht. Mä et dierf een ni vergiessen dass et der Finanzindustrie hir Haaptfunktioun ass, eist Erspuertes ze verwalten an eis an eise Betriber ze hëllefen eis Projeten ze finanzéieren. Dëse Rôle erfëllen och eis Banken, Fongen an Assurancen zu Lëtzebuerg. D’Banken hunn dat elo an der Kris nees gewise wéi si de Betriber mat verlängerte Kreditter gehollef hunn. Eis Assurancen hunn no dem Tornado vum leschte Joer och keen am Reen stoe gelooss a bis haut ronn 65 Milliounen Euro un d’Affer ausbezuelt.

Eis Finanzplaz huet zwar nach ëmmer mat kritesche Stëmmen ze kämpfen déi eis d’Bankgeheimnis reprochéieren oder déi eenzeg an eleng Lëtzebuerg duerch LuxLeaks kenne geleiert hunn.

Mä eis Finanzindustrie war ni nëmmen eist Bankgeheimnis a LuxLeaks hat direkt näischt mat den Aktivitéite vun eise Banken, Assurancen a Fongen ze dinn. Eise Succès kann net duerch si definéiert ginn, wéi mir jo och gesinn duerch de Succès dee mir an engem ganz verännerte Kontext weiderhi kennen.

Mir sinn zum Beispill an der weltwäiter Fongenindustrie Nummer 2 no den USA. Dat ass méiglech gewiescht well mir, vu Lëtzebuerg aus, Fongen a ganz Europa konnte verkafen, an haut souguer wäit doriwwer eraus a méi wi 70 Länner op der Welt. Eis Bourse war déi éischt déi ë gréngen Emprunt gelëscht huet 2007, an ass wéinst der Erfarung déi si zanter hir gesammelt huet, haut och d’Nummer 1 weltwäit fir nohalteg Emprunten. Dat ass dach eppes! Wéi eis englesch Frënn 2016 decidéiert hunn si wéilten aus der EU austrieden, hunn iwwer 60 Finanzinstituter een Deel vun hiren Aktivitéite vu London op Lëtzebuerg verluecht. Dat weist dass mir an dësem Domaine ganz sécher zu enger vun de grousse Plazen an Europa gehéieren.

Haut gi mir gesinn als eng héich spezialiséiert Finanzplaz an Europa, déi sech duerch hir Sproochen- a Kulturkenntnisser am internationalen, grenziwwerschreidendë Geschäft e wichtege Rôle erschafft huet. Wat eng Operatioun iwwer méi Länner geet, wat méi Gesetzer a Verwaltungen a méi Sproochen implizéiert sinn, wat si méi komplex gëtt. Genee do spille mir an der europäescher wann net souguer an der weltwäiter Championsleague mat. Eng Institutioun déi e Fong an e puer europäesche Länner well verkafen, mécht dat am léifste vu Lëtzebuerg aus, well se ebe bei eis d’Expertise fënnt déi hir et erlaabt dëst am Respekt vun all verschiddene Reegelen ze maachen. Och an dem Privatbankegeschäft oder bei de Liewensversécherungen ass genee dëst eng Spezialisatioun déi mir eis iwwert Jorzéngten opgebaut hunn a fir déi och nach haut, ouni Bankgeheimnis an iergendwellech Steiervirdeeler, Lëtzebuerg een Haaptacteur ass.

Dëse Succès ass gutt fir eis alleguer well en dem Staat an domat eis all och vill bréngt.

Iwwert d’lescht Joerzéngt ass den Deel deen eis Finanzindustrie an eiser gesamter Ekonomie ausmécht relativ stabel bei 30-31% bliwwen. Well eis Ekonomie iwwert déi Jore staark gewuess ass, heescht dat dass souwuel de Finanzdeel wéi den Deel deen net aus Finanze besteet parallell gewuess sinn. Mä et weist och dass, egal wéi, de Finanzsecteur de wichtegsten Deel vun eiser Wirtschaft ass a bleift.

Laut enger Etüde vum Wirtschafts- a Sozialrot vum Steierjoer 2017, dréit de Finanzsecteur zum Beispill 71% vun der Gemengesteier (Impôt commercial communal) bäi. Dat heescht dass hien zu engem ganz groussen Deel de Gemengen hir Initiativë finanzéiert déi de Bierger hiert Liewen vereinfachen oder verschéineren, wéi Crèchen, Schwämmen oder Fussballterrainen, ënnert villen anere Beispiller.

De Bäitrag deen eis Banken, Assurancen, Fongen an d’Beroderindustrie (Affekoten, Comptabelen, etc) zu de Steierrecettë vum Staat bäidroe sinn tëschent 2011 an 2018 vun 3 op 4 Milliarde geklommen. Nëmmen d’Taxe d’abonnement déi eis Fonge bezuele bréngt dem Staat pro Joer schonn eng gutt Milliard an. Esou droen si iwwert d’Joren ë ganz wichtegen Deel bei zu den Ausgabe vum Staat, sief dat fir d’Gehälter vun de Beamten oder fir Investissementer wéi den Tram oder eis Stroossen an natierlech och eis aussergewéinlech gutt sozial Systemer, Pensiounen a Krankekeess.

Dëse Succès ass och nach gutt fir eis alleguer well e vill Aarbechtsplaze schaft.

Vill Leit gesinn d’Finanzplaz als virun allem eppes fir eeler Hären an engem gesträifte Costume. Dat ass d’Bild vum Banquier, am beschten nach komplettéiert mat engem gewëssen Tour de Taille a vläicht souguer een Zigar am Mond. D’Realitéit ass natierlech eng ganz aner an eis Finanzindustrie besteet bei wäitem net nëmmen aus « Décken » mä aus Leit wéi dir a mir.

Op eiser Finanzplaz schaffe ronn 51 000 Leit, d’Hallschent dovun an de Banken, 31% fir d’Fongen, 8% fir Assurancen an 11% fir d’Beroder (Fiduciairen, Affekoten, etc…). Dëst ennersträicht wéi eng grouss Diversitéit besteet, mat all de verschiddene Secteure vun eiser Finanzindustrie. Mä souguer innerhalb vun de verschiddene Secteure gëtt et eng ganz grouss Varietéit vu Jobben. Dat geet vun Ekonomisten, Juristen, Comptabele bis hin zu Käch, Chauffeuren a Sécherheetspersonal, ouni natierlech Beruffer wéi Sekretär(in) ze vergiesse well mir, trotz aller Digitalisatioun, ouni si schlecht dru wieren. Eng Branche déi ëmmer méi wichteg gëtt duerch de Phänomen vun der Digitalisatioun sinn natierlech d’Informatiker an all déi Beruffer déi doru kommen, wéi zum Beispill Grafiker.

Och wann et ëmmer nees virkënnt dass dës oder déi Bank e Sozialplang muss ukënnegen, sou liest ee kaum wivill Plaze gläichzäiteg an enger anerer Finanzinstitutioun geschafe goufen. Tatsächlech ass iwwert d’Joren d’Zuel vun Aarbechtsplazen op eiser Finanzplaz zanter der leschter Finanzkris Joer fir Joer ëm 2% gewuess.

Eis Banken hunn zwar kaum ë Wuesstem vun Aarbechtsplaze gesinn, mee dofir ass bei hinnen d’Zuel vun de Plazen insgesamt stabel bliwwen an net gefall. Dat ass am Verglach mat anere Finanzplaze schonn emol net schlecht. De Wuesstem koum virun allem bei de Fongen (+3% pro Joer) an nach méi bei de Beroder (+7%).

Eis Finanzindustrie schaft net nëmmen Aarbechtsplaze fir hir eegen Aktivitéite mä dréit och dozou bäi dass Aarbechtsplazen an anere Beräicher geschaft ginn. All Plaz déi an der Finanzindustrie geschaft gëtt hëlleft an anere Secteuren 1,4 aner Aarbechtsplazen ze schafen. Dëst heescht, dass wa mir zwou Aarbechtsplazen an de Fongen oder Assurancë schafen, stäipe mir domat bal 3 Plazen am HoReCa Secteur, zum Beispill. Dat heescht dann och dass nieft deenen 51 000 Leit déi direkt fir d’Finanzindustrie schaffen, 71 400 aner Plazen an anere Secteuren duerch d’Finanzindustrie gedroe sinn.

Souwuel d’Steieropkommes wéi d’Aarbechtsplazen déi vun eiser Finanzplaz geschaft gi weise wéi wichteg dëse Secteur fir eist Land ass. Et sinn d’Häerz an d’Longe vun eiser Ekonomie op déi mir och an Zukunft baue kënnen a sollen.

Wann et eiser Finanzplaz gutt geet, da geet et dem Land an domat eis alleguer och gutt.

_

Nicolas MACKEL
Generaldirekter LUXEMBOURG FOR FINANCE,
Entwecklungsagence vun der Finanzplaz
(Artikel aus dem LW 12. September 2020)