Nohalteg Finanzen

  • Bis elo ass just 1% vun de Finanzverméige weltwäit op eng positiv Wierkung ausgeluecht
  • D’Finanzplaz Lëtzebuerg ass zënter Jore schonn e Pionéier a Saachen nohalteg Finanzen
  • 2016 ass déi gréng Lëtzebuerger Bourse an d’Liewe geruff ginn, déi haut méi wéi d’Hallschent vun den nohaltegen Obligatioune weltwäit cotéiert an déi éischt Bourse iwwerhaapt ass, déi sech ausschliisslech op gréng an nohalteg Wäertpabeiere konzentréiert
  • Lëtzebuerg huet „LuxFLAG“ gegrënnt, eng Agence déi kontrolléiert op déi gréng Finanzprodukter och dat hale wat si verspriechen

Zënter dem zweete Weltkrich huet Europa en impressionante Wirtschaftswuesstem erlieft. Dëse Wuesstem huet och eng Rei negativ Repercussiounen op eis Ëmwelt, Klima a Gesellschaft am Allgemengen. Well net jiddereen huet gläichermoosse vun dëser Entwécklung profitéiert.

Zu Paräis gouf 2015 e Klimaofkommes ausgehandelt an deem all d’Länner versprach hunn, hiert Bescht ze maache fir déi global Erwiermung ënner 2° ze halen. Fir dëst liewenswichtegt Zil ze erreechen, mussen d’Entreprisë méi nohalteg produzéieren a wirtschaften an si mussen hir Prozesser änneren, Fabricken ëmbauen a Maschinne kafen déi manner Energie verbrauchen. Si musse Fuerschung an Innovatioun bedreiwe fir nohalteg Léisungen ze fannen. Dëst alles erfuerdert vill Sue fir d’Ëmsetzung a grad hei kënnt déi nohalteg Finanzéierung an d’Spill.

Dësen Iwwergang zu enger méi nohalteg-globaler Wirtschaft bitt d’Geleeënheet fir „positiv“ an d‘Industrie ze investéieren. Grouss international Investisseuren a Spuerer sinn haut méi wéi jee dorun interesséiert an esou Finanzprodukter ze investéieren, well si Erträg produzéieren an zu enger positiver Entwécklung bäidroen.

D’Finanzplaz Lëtzebuerg ass zënter Jore schonn e Pionéier a Saachen nohalteg Finanzen. Enn der 1990er Joren an um Ufank vun den 2000er huet dat duerch d’Mikrofinanzéierung an de responsabelen Investissementer ugefaangen, dank och der lokaler Fongenindustrie. 2007 ass dann déi éischt Gréng Obligatioun vun der BEI (Europäesch Investitiounsbank) emettéiert ginn an ass zënter hir op der Lëtzebuerger Bourse kotéiert. 2016 ass dunn déi gréng Lëtzebuerger Bourse an d’Liewe geruff ginn, déi haut méi wéi d’Hallschent vun den nohaltegen Obligatioune weltwäit cotéiert an déi éischt Bourse iwwerhaapt ass, déi sech ausschliisslech op gréng an nohalteg Wäertpabeiere konzentréiert.

Lëtzebuerg ass och ee vun den éischte Staaten weltwäit deen eng Agence gegrënnt huet „Luxembourg Finance Labelling Agency (LuxFLAG)“, déi kontrolléiere soll op déi gréng Finanzprodukter och dat hale wat si verspriechen.

Zënter 2020 gëtt et zu Lëtzebuerg e neien a voll engagéierte Partenariat tëschent dem Staat an der Finanzindustrie, d’„Luxembourg Sustainable Finance Initiative“, déi als Zil huet déi nohalteg Finanzindustrie zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus auszebauen. Bis elo ass just 1% vun de Finanzverméige weltwäit op eng positiv Wierkung ausgeluecht. Mir mussen an Zukunft e Paradigmewiessel duerchzéien an op 99% kommen!

Zënter September 2020 ass Lëtzebuerg dat éischt europäescht Land mat engem Referenz-Kader fir nohalteg Obligatiounen. Nohalteg Obligatioune sollen der Ëmwelt an dem Klima ze gutt kommen a sou d’Bekämpfung vum Klimawandel ënnerstëtzen. D’Recetten, déi duerch dës Obligatiounen erakommen, solle vum Staat exklusiv an nohalteg Projeten investéiert ginn, wéi zum Beispill grénge Wunnengsbau, d’Energie-Transitioun, een Transport mat wéineg C02-Ausstéiss an eng méi nohalteg Waassergestioun. Den soziale Secteur soll net ze kuerz kommen, wéi zum Beispill d’Gesondheet, d’Educatioun an den Aarbechtsmaart.