De Versécherungssecteur

  • Lëtzebuerg ass e wichtege Versécherungs- an Réckversécherungszenter an Europa mat 55 Non-life Versécherungs-, 41 Liewensversécherungs-, 196 onofhängeg- a Captive Réckversécherungsfirmen
  • 4.000 Leit Personal schaffen zu Lëtzebuerg an deem Secteur
  • Lëtzebuerg ass en europäeschen Hub fir Liewensversécherungen

D’Méiglechkeet am Europa ouni Grenzen, Servicer vu Land zu Land unzebidden, erlaabt et de Versécherungsgesellschaften déi zu Lëtzebuerg installéiert sinn, hir Clienten am Ausland ze betreien ouni physesch an deem Land mat engem Büro present ze sinn. Dat huet et dem Grand-Duché erlaabt eng vun den Haaptzentralen
an deem Secteur an Europa ze ginn.

Versécherungskontrakter hëllefen de Leit hir berufflech Aktivitéit oder sech selwer géint méiglech Risikoen ze schützen. Dat ass wichteg fir Firmen a Famillen an dréit derzou bei dass eis Gesellschaft sech als Ganzes relativ wuelfillt a sech komfortabel entwéckele kann.

Mir versécheren eis normalerweis géint Autosaccidenter oder e Feier doheem am Haus. Deen Typ vun Assurance nennt een eng Non-life Versécherung (Net Liewensversécherungen). Och Entreprisë a Banke versécheren sech géint Risiken déi mat hirer wirtschaftlecher Aktivitéit a Verbindung stinn. Liewensversécherungen hirersäits hëllefe Membere vun enger Famill ze schützen, déi net finanziell onofhängeg sinn. D’Ursaach fir wat een eng Liewensversécherung mécht ass déi fir dofir ze suergen, dass wann ee stierft, seng Famill weiderhi finanziell ofgeséchert ass an zwar ouni en Akommes all Mount. Zum Beispill ee Papp oder eng Mamm schléisst eng Liewensversécherung of fir seng/hir Kanner ze schützen, am Fall wou hie/si méi fréi stierwe sollt. Da kréien d’Kanner Sue vun der Liewensversécherung, als Kapital oder Rent. Eng Liewensversécherung kann awer och ee méi komplext Instrument vun der Verméigensverwaltung sinn.

Eng Réckversécherung ass d’Versécherung vu Versécherunge fir sech géint ee seelene Risiko, wéi zum Beispill eng gréisser Katastroph, ze schützen. Ganz oft bucht eng Assurancëgesellschaft esou eng Réckversécherung an deem selwechten Assurancëgrupp, fir esou grupp-intern Risikoen ofzedecken, eng sougenannte „Captive” Réckversécherung. Och grouss Entreprisë kënnen eng „Captive” Versécherung grënnen déi op hir spezifesch Besoinen zougeschnidden ass. Lëtzebuerg ass e wichtege Versécherungs- an Réckversécherungszenter an Europa mat 55 Non-life Versécherungs-, 41 Liewensversécherungs-, 196 onofhängeg- a Captive Réckversécherungsfirmen. Si all beschäftegen zesumme iwwer 4.000 Leit Personal zu Lëtzebuerg.